Jump to content
- Werbung nur für Gäste -

IGNORIERT

Wou kaaft / bestellt dir är Spiller?


Mutenroshi

Recommended Posts

Geschrieben

Salü Vollek :)

Mech interesseirt wo dir är Spiller kaafen gidd? Nët lo onbedengt de Cactus Hobby oder d'Belle Etoile mee eischter sou kleng Geschäfter wei den Electro Viaduc / Player One Lëtzebuerg op der Staater Gare.

Ech gin bei Topspiller emmer bei de Marc op d'Gare well hien d'Spiller oft 2-3 Deeg virum offiziellem Start erausreckelt. Seng Praiser sin zwar immens mee daat steiert mech fir AAA-Titelen nët wirklech.

Uncharted 3 soll jo den 02. November erauskommen (direkt nom Feierdaag) an mir ass zu Ouren komm datt d'Spill eventuell schon den 28. Oktober antrefft an verklappt gett. A Frankreich ass et mol sou: http://www.amazon.fr/Uncharted-3-lillusion-de-Drake/dp/B003RWS3FC/ref=sr_1_1?ie=UTF8&qid=1318961854&sr=8-1

Naja, ech gin de Metten mol U3 an Modern Warfare 3 firbestellen, secher ass secher :)

Bis dajee!

- Werbung nur für Gäste -

Geschrieben

ech lossen mang Sachen meeschten aus Planet Axel kommen. A la rigeuer och nach Amazon oder direkt beim Fournisseur (zbsp. Nis America)

Zu Letzebuerg kaafen ech bal nie eppes an och just nach ganz seelen an Daitschland.

Geschrieben

Bei mer henkt ed oof, wann ech graad am Auchan sinn an ech gesinn e Spill waat mer zouseet, dann schloen ech einfach sou, sou deier ass ed am Auchan och nt ;)

Heiansto bestellen ech se aawer och iwer Amazon ;)

Geschrieben

Hey den Mutenroshie ass zereck:smile:

Ma ech grad do eweu ech locht hunn:

MW3 Hardnet edition hun ech an der belle etoile virbesctalt

U3 op amazon.fr

AC Revolutin bei micromania (das am een Gescheft am Carrefour zu Thionville an een am Auchon am Mont St.Martin)

- Werbung nur für Gäste -

Geschrieben
  Lux-Player schrieb:
Moin, wees zoufellech een vun iersch ob een iergendwou schon MW3 ze kaafen kritt? Sinn schon vill Deitscher aus menger Frendslescht dei ed schon spillen :/

Den auchan an der statd, den free record shop zu esch, den micromania zu mont st martin

Geschrieben

Ech kaafen all meng Spiller bei Amazon , as daat einfachst an menger Meenung no daat bellegst,ok ech hun Praiser hei na nie sou gekuckt mee ech mengen d Spiller sin awer mei deier hei.. an bei Amazon hun se heiansdo o nach super Promoen wei z.b. bei firbestellen vun Uncharted 3 kruut een een Headset gratis dobei an daat alles zesummen fir 53 Euro, Top :)

- Werbung nur für Gäste -

Geschrieben

Salut, also ech kaafen meng Spiller zu Treier am MediaMarkt oder Saturn wann ech grat do sin an mer eppes an d'Aan fällt. Wann ech online bestellen dann bal nemmen bei zavvi.com dei hun mat ofstand vill besser Preiser wei bei Amazon.

Geschrieben

Ech kaafen normalerweis am Fachhandel, fier dee Beraich generell ze ennerstetzen. Doweinst sin Online-Versandhändler fier mech keng Alternativ. Ganz selten mol zavvi an den amazon.co.uk well se wirklech deelweis enorm praisweart sin, amsonsten ebay fier meng Retro/JAP-Spiller. Mee wi gesot, generell enerstetzen ech de Fachhandel also den Electro Viaduc an der Staadt oder den Gamenatix zu Tréier.

- Werbung nur für Gäste -

Geschrieben

Jetzt habe Reklame TANGO geliessen, eng Spil fir Vertrag vun Tango 0 € mat Wipeout Spil zusammen, aber ech hun noch Sony Xperia Play mat Vertrag op een Joer und will nëscht noch mal mat Vertrag fir PSVita. Villecht kommt op LUXGSM den Angebot....

uff, schwier schriéwen mei sprache...

Archiviert

Dieses Thema ist jetzt archiviert und für weitere Antworten gesperrt.
Wende dich an einen Admin, wenn du in diesem Thema etwas posten möchtest.

×
×
  • Neu erstellen...